Hien gouf 1895
a Russland gebueren, wou en bis baal 1920 gelieft huet. En haat et net liicht,
well en ass net onverschount bliwen vu Krich an Revolutioun aus deër Zäit. Nodem
en an Bulgarien (!) vum Typhus soignéiert gin ass, huet en sech 1 Joer laang an
der Turkei matt der Arméi vum Generool Wrangel obgehaalen. 1922 huet en sech zou
Lëck niddergelooss, an der gréisster Aarmut, ouni Geld, ouni Aarbecht, ouni
Sproochenkenntnis an ouni ze wëssen wou seng Famill drun ass. Me en huet all
Schwierechketen iwerwonnen, en haat d'Méijlechket Chimie ze studéieren. Duerno
huet seng Situatioun sech verbessert, an en kruut eng Plaatz an enger Lëcker
Schmelz.
Direkt 1922, wéi en ob Lëck koum, huet e sech an den Schachclub ageschriwen. Vun 1922 bis 1969 huet en all Cubmeeschterschaft gewonnen, wou en mattgespillt huet (ca. 25). Et war en ausgezeechenten Schachspiller. En huet 9 Mol daat belscht Championnat mattgespill, an dovun ass en 3 Mol belschen Landesmeeschter gin. Leider konnt en, aus beruflechen Grënn, nëmmen ca. eng Dozen international Turnéieren spillen. Vun 1947 bis 1949 huet en eng wöchentlech Schachzeitung ("Echec et Mat") erausgin, an en huet och 3 Bicher geschriwen iwer Schach.
En ass den 8. Februar 1972, am Alter vun 76 Joer, no enger chirurgescher Operatioun gestuerwen. Insgesamt kann en soen, dass en wéinst senger Offenheet a senger Einfachheet iwerall geschätzt war. En huet dem belschen Schach onzählech Dëngschter geleescht.